Fräi no de Virgabe vun enger ideologescher Klimapolitik gëtt och de Lëtzebuerger Energieverbrauch ëmmer méi staark elektrifizéiert. Autoen, Heizungen asw. sollen all vu fossille Brennstoffer ëmmer méi op Stroum ëmgestallt ginn an domat vun enger eenzeger Energiequell ofhänken. Zu Berlin souzen no enger lénksextremistescher Terrorattack 50.000 Stéit an iwwer 2.000 Betriber wärend e puer Deeg bäi äiseger Keelt ouni Stroum do. Och d’Spideeler an d’Fleegeheimer ware betraff. Wier Lëtzebuerg am Fall vun engem groussflächege Stroumausfall besser virbereet? D’ADR-Ostdeputéiert Lexy Schoos huet eng Rei Froen:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Banneminister, d’Madamm Gesondheetsminister an den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.
Kuerz nom Joreswiessel huet en Terroruschlag op eng Stroumleitung an der däitscher Haaptstad Berlin do an enger Rei Quartieren zu engem groussflächege Stroumausfall gefouert. D’Versuergung war wärend ronn véier Deeg ausgefall. Och Spideeler a Fleegeheemer ware betraff. Däitsch Medien hu geschriwwen, datt grad am Ufank vun der Kris souguer schwéier fleegebedierfteg Leit hu missen a Sportshalen ënnerbruecht ginn.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Op wéi eng Manéier ass laangfristeg séchergestallt, datt d’Spideeler souwéi d’Alters- a Fleegeheimer zu Lëtzebuerg am Fall vun engem groussflächege Stroumausfall komplett weider operationell bleiwen?
- Op wéi eng Manéier ass an esou engem Fall d’Telekommunikatioun sécher gestallt, och fir d’Bierger ze erreechen an iwwer noutwenneg Moossnamen ze informéieren?
- Wéi ass séchergestallt, datt d’Zivilpopulatioun aus Géigenden/Gemengen ouni Noutstroumversuergung an Ariichtunge mat Noutstroumversuergung kommen?
- Wéi vill Noutstroumaggregater sti fir d’Zivilpopulatioun an deem Fall fir d’laangfristeg Versuergung zur Verfügung?
- Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert iwwert wéi vill Noutstroumaggregater déi eenzel ëffentlech a parastaatlech Institutioune jeeweils verfügen an den Typ souwéi d’Leeschtung vun den Apparater (mobil, stationär) preziséieren?
- An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro Nummer 4727 vun den honorabelen Deputéierte Fred Keup a Jeff Engelen aus der Legislaturperiod 2018 – 2023, huet déi deemoleg Regierung geäntwert, datt “de CGDIS op senge kritesche Siten” iwwert fest installéiert Noutstroumaggregater verfüügt, a “lues a lues och aner wichteg Siten” domat ekipéiert ginn? Kann d’Regierung am Sënn vun der Fro virdrun och hei déi aktualiséiert Zuele souwéi Lokalisatioune presentéieren a preziséieren, no wéi enge Krittären e Site als “wichteg” agestuuft gëtt?
- An der däitscher Haaptstad war den Asaz vun Noutstroumaggregater zu Ufanks vun der Kris och un der feelender Interoperabilitéit vun den Apparater gescheitert. Ass séchergestallt, datt sämtlech ëffentlech Geräter hei am Land zu all Ablack vun den ënnerschiddlechsten Zerwisser an Institutioune kënnen agesat ginn? Gëtt et an deem Sënn och eng Koordinatioun mat eisen Nopeschlänner oder souguer op NATO-Niveau?
- Verfüügt d’Regierung iwwert en Asazplang wéi eng Ariichtungen an Institutiounen am Fall vun engem längeren, groussflächege Stroumausfall prioritär versuergt ginn a wéi eng méiglecherweis temporär missten zougemaach ginn (z.B. reng zivil Verwaltungen)? Falls jo, wéi gesäit deen aus?
- Gesäit d’Regierung am Kader vun der Erhéijung vun de Verdeedegungsausgaben och verstäerkt Investitiounen an de Stock vun eisen Noutstroumaggregater, respektiv déi begleedend Infrastruktur vir?