Gedeckelten Index: eng wirtschaftlech Noutwennegkeet oder pure Populismus? (VIDEO)

De 7. Juni huet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen eng Pressekonferenz gehalen zum Thema “Gedeckelten Index: eng wirtschaftlech Noutwennegkeet oder pure Populismus ?”

Zënter enger Rei vu Méint fuerderen de J.-C. Juncker an d‘CSV d’Aféierung vun engem sougenannte gedeckelten Index; dëst op en Neits um leschten CSV-Nationalkongress.

D’ADR, déi sech ëmmer mat aller Konsequenz fir d‘Bäibehale vum aktuellen Indexsystem agesat huet, huet sech intensiv mat der CSV-Propositioun ausernanergesat.

Fir kënne mat objektiven Zuelen ze schaffen, huet d’ADR dräi parlamentaresch Froen un de Minister vun der Fonction publique, un de Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung an un de Finanzminister gestallt, wat de gedeckelten Index als Konsequenzen op d’Recetten, respektiv op d’Depensë fir déi eenzel Ministèren hätt.

Nodeems d’Äntwerte virleien, kënnt d’ADR zu dëse Conclusiounen.

D’Fro, déi sech stellt, ass:

Wiem bréngt de gedeckelten Index eppes?

1. Dem Staat ?

De Minister vun der Fonction publique äntwert, datt bei enger Indextranche, op 1 Joer gerechent, de Staat géif dës Aspuernesser op de Gehälter vun den aktive Staatsbeamten an op de Pensioune vun de pensionéierte Staatsbeamte maachen:

bei engem gedeckelten Index vun 2 Mol de SSM → 23,6 Milliounen Euro
bei engem gedeckelten Index vun 3 Mol de SSM → 11,8 Milliounen Euro

De Finanzminister äntwert, datt bei enger Indextranche, op 1 Joer gerechent, de Staat manner Recetten op der Akommessteier (inklusiv Lounsteier) géif maachen:

bei engem gedeckelten Index vun 2 Mol de SSM → 62 Milliounen Euro
bei engem gedeckelten Index vun 3 Mol de SSM → 30 Milliounen Euro

Et ass also kloer, datt bei engem gedeckelten Index de Staat Verléierer ass!

2. Der Sozialversécherung ?

De Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung äntwert, datt dës Perten, respektiv Aspuernesser bei de verschiddene Sozialversécherunge wieren:

a. Pensiounskeess

bei engem gedeckelten Index vun 2 Mol de SSM → 14,81 Milliounen Euro manner Recetten;  3,6 Milliounen Euro manner Depensen
bei engem gedeckelten Index vun 3 Mol de SSM → 7,12 Milliounen Euro manner Recetten; 0,1 Milliounen Euro manner Depensen

b. Krankeversécherung

bei engem gedeckelten Index vun 2 Mol de SSM → 6,95 Milliounen Euro manner Recetten
bei engem gedeckelten Index vun 3 Mol de SSM → 3,33 Milliounen manner Recetten

c. Fleegeversécherung

bei engem gedeckelten Index vun 2 Mol de SSM → 1,66 Milliounen Euro manner Recetten
bei engem gedeckelten Index vun 3 Mol de SSM → 0,92 Milliounen manner Recetten

Et ass also kloer, datt bei engem gedeckelten Index d’Sozialversécherung Verléierer ass!

3. Dem Salariat?

Beim Salariat géifen all déijéineg, déi iwwert dem Plafong vun 2 resp. 3 Mol de SSM leien, manner kréien – an déijéineg, déi ënnert dem Plafong leien, kréien näischt bäi.

Well awer d‘Pertë bei de Steieren a Sozialversécherungen duerch Steier- resp. Cotisatiounserhéijunge musse kompenséiert ginn, verléieren all d‘Salariéen.

4. Handel, Handwierk, Horesca, Mëttelstand an Industrie ?

Well de ganz groussen Deel vun de Beschäftegten an dëse Sektore Léin ënnert de Plafonge vun 2 Mol de SSM (3748,30 Euro) oder 3 Mol de SSM (5622,57 Euro) hunn, bréngt de gedeckelten Index dëse Sektoren näischt, au contraire: wann d’Leit manner Kafkraaft hunn, kënnen se och manner ausginn, an dat geet virun allem op d‘Käschte vun de Sektoren Handel, Handwierk an Horesca.

 Weider Iwwerleeungen

Duerch e gedeckelten Index géif d’Lounhierarchie op laang Zäit verfälscht ginn.

Salariéen, déi iwwert dem Plafong leien, géife bei enger Indextranche netto manner erauskréien, wéi e Salarié, deen ënnert oder genau um Plafong läit (duerch Progressioun an der Steiertabell).

Weider Ongerechtegkeete géifen entstoen: z.B. Famill, an där eng Persoun 6000 Euro verdéngt, a Famill, an där jiddfer Partner jeeweils 3000 Euro verdéngt. Am leschte Fall géif d‘Famill op der ganzer Zomm den Index kréien, am éischte Fall just bis zum Plafong.

Datselwecht gëllt fir d’Persounen, déi entweder een oder méi Patronen hunn.

Conclusiounen

Et kann een also d’Conclusioun zéien, datt e gedeckelten Index kengem eppes bréngt, mat Ausnam vum Finanzsektor a vu verschiddene Betriber, déi en Deel vu Gehälter ausbezuelen, déi iwwert de Plafonge vun 2 resp. 3 Mol de SSM leien.

Datt awer elo d’Salariat, de Staat, d’Sozialversécherungen, d’Sektoren Handel, Handwierk, Horesca an de Mëttelstand solle Perdant sinn, fir datt grad de Finanzsektor, deen un der ganzer Finanzkris schëlleg ass, och nach iwwert de Wee vun engem gedeckelten Index belount gëtt, dat ass fir d’ADR net novollzéibar.

All dës Iwwerleeunge waren net nëmmen der ADR schonns virun de gestalltene parlementareschen Ufroe bekannt, mä och dem J.-C. Juncker an der CSV, déi mat dëser Fro just pure Populismus bedreiwen.

Mir wollten awer déi Behaaptung net einfach esou an de Raum stellen, mä mir wollten erreechen, datt dem J.-C. Juncker seng eege Regierungsmemberen hire Chef als Populist opfléie loossen.

Dat ass eis zu 100 % gelongen.

Domadder dierft d‘Diskussioun iwwert e gedeckelten Index zur Vergaangenheet gehéieren.

Hei uklicken, fir den Dossier am PDF-Format erofzelueden!


Deel dëse Post: