Gast Gibéryen: Steiergeschenker mat der Strenz [Audio]

De Gast Gibéryen huet e Méindeg, den 2. Mee 2016,  um Radio (RTL an 100,7) säi Lieblingsthema “Zukunft Lëtzebuerg” weider ausgebaut. Wirtschaftleche Wuesstem ass net d’Léisung vun de Lëtzebuerger Problemer mä mécht dës ëmmer méi grouss, esou de Gast Gibéryen. Den Defizit wiisst, an et ass net un der Zäit fir eng Steierreform, déi mat Puff bezuelt gëtt. Et soll ee sech drop konzentréieren, deene Leit ze hëllefen, déi et wierklech néideg hunn, seet de Gast Gibéryen, a net deene Leit, déi vill verdéngen, véier Stonnen d’Woch d’Botzfra bezuelen.

Deel dëse Post: