Dofir steet d’ADR: Gast Gibéryen op 100,7

A senger Emissioun “Riicht eraus” huet de soziokulturelle Radio 100,7 e Samschdeg, den 18. Abrëll, den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen ausgefrot. A sengen Äntwerten op d’intelligent a fair Froe vum Pia Oppel konnt de Gast Gibéryen d’Virurteeler, déi ëmmer nach iwwer dës Partei zirkuléieren a vun hire Géigner esou gär weiderverbreet ginn, verbesseren. D’Emissioun gëtt genee dat Bild vun der ADR, wéi et soll sinn an erklärt, wat d’Partei wëllt a wat net. D’Emissioun ass esou eng kontrovers a lieweg Presentatioun ginn, vun deem, firwat eis Partei steet: konservativ, wäertorientéiert an demokratesch …

Deel dëse Post: