Gast Gibéryen fuerdert Demissioun vun der Regierung, déi versot huet

Bei der Debatt vum Budget 2017 an der Chamber, den 21. Dezember 2016, huet de Gast Gibéryen d’Demissioun vu Gambia gefuerdert. Säi Bilan vun der desolater Regierungsaarbecht ass ouni Gnod. Mä wat besonnesch an d’Gewiicht fällt, ass datt dës Regierung mat duerchsiichtegen Zuelespillereien a mat enger duebeler Moral probéiert dem Land d’Wourecht ze verstoppen. Dat erklärt sech och, well déi dräi Regierungsparteien permanent mussen hir Parteiiwwerzeegungen verroden an hir Parteimembere verroden. D’DP schreiwt als Staatspartei déif rout Zuelen, d’LSAP mécht näischt fir déi méi schwaach Leit an déi Gréng hunn e Betongsminister.

Duerfir waren d’Schwéierpunkten am Gast Gibéryen senger Ried och gutt gewielt:

Och e puer Aussoen vum Regierungschef haten de Gast Gibéryen rose gemaach. Besonnesch huet hien seng Positioun an der Press iwwer d’Rentemauer kritiséiert. Mä och d’Ausso, et géing dem Land besser goen, huet de Gast Gibéryen demontéiert.

De Gast Gibéryen huet zwee Punkten als Conclusioun opgegraff.

Hei ass de ganze Video vum Gast Gibéryen senger Ried:

Deel dëse Post: