Gasreserven: Wéi kal gëtt de Wanter wierklech?

Wann een der Lëtzebuerger Regierung nolauschtert, kritt ee séier den Androck, datt zu Lëtzebuerg an den nächste Méint kaum mat engem Probleem bei der Energieversuergung ze rechnen ass. De Belsche Premierminister, eisem Nopeschland mat deem mir eis de Gasmarché deelen, warnt awer mëttlerweil duerfir, datt e Mangel u russeschem Äerdgas déi nächst fënnef bis zéng Joer zu engem kale Wanter kéint féieren. Wéi steet d’Regierung zu dëser Ausso a ginn eis Moossnamen entspriechend ugepasst?

Deel dëse Post: