Froen zum Salaire an den “Ateliers protégés”

D'”Ateliers protégés” sinn e wichtege Pilier vun der Inklusioun. D’Alexandra Schoos an de Jeff Engelen hunn dozou e puer Froen un d’Regierung:

Fro:

Aus der Broschür iwwert Le salarié handicapé vum Februar 2023 vun der Chambre des Salariés Luxembourg (https://www.csl.lu/app/uploads/2023/02/salarie_handicape_fr_web.pdf) geet am Kapitel 2 (Les spécificités du contrat de travail) ervir, dass :

2.1. Les droits et devoirs : […] l’engagement de l’atelier protégé à assurer au salarié handicapé une mise au travail dans des conditions d’emploi adaptées à ses besoins et possibilités […]

2.2. Les horaires de travail : La durée hebdomadaire normale du travail dans les ateliers protégés est de 40 heures, à moins que la durée effective de travail dans les organismes et structures concernés ne soit fixée différemment par une disposition légale, réglementaire ou par convention. […]

2.3. Le salaire : Le salarié handicapé bénéficie dans l’atelier protégé d’un salaire dont le montant est au moins égal au taux horaire du salaire social minimum(Note : salaire social minimum mensuel, au 1er février 2023, indice 898,93 : 2 447,07 euros pour une personne adulte non qualifiée et 2 936,48 euros pour une personne adulte qualifiée) multiplié par le nombre des heures de travail fixé dans le contrat de travail conclu entre le salarié handicapé et l’atelier protégé. […]

An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un den Här Minister stellen:

  1. Gëtt et eng Statistik (Moyenne, Min., Max., Verdeelung), wéi vill Stonnen en „Salarié handicapé“ ugestallt ass an den Ateliers protégés? Wa jo, wou kann een déi fannen? Wann nee, gedenkt de Ministère dat an Zukunft ze maachen?
  2. Wéi gëtt de Quantum un Aarbechtsstonne festgeluecht, wann se net de 40 Stonne pro Woch entspriechen? Medezinesch? No de Bedierfnisser vun den Ateliers protégés?
  3. Wat ass den Duerchschnëttsrevenu vun engem Salarié handicapé an den Ateliers protégés?
  4. Vu dass déi Persoune souwisou schonn zu der vulnerabeler Populatioun gehéieren, kënne si mat dem Revenu, deen se hunn, adequat hei zu Lëtzebuerg liewen? Oder ëmgekéiert gefrot: Wéi vill Prozent vun de Salariés handicapés liewen un oder ënnert der Aarmutsgrenz hei zu Lëtzebuerg?

Äntwert:

Ad. 1
An der Moyenne fir 2023 huet e Salarié handicapé eng Tâche vun 93,83%, wat enger 37,53 Stonne-Woch
entsprécht.
Ad. 2
D’Aptitude fir ze schaffe gëtt vum Aarbechtsdokter festgeluecht a wann eng Persoun an en Atelier protégé
schaffe geet, gëtt de Posten op d’Persoun an hir spezifesch Bedürfnisser ugepasst. Am Artikel L. 563-4 vum Code du Travail ass festgehalen, dass fir e Salarié handicapé, deen an engem Atelier protégé schafft an duerch den Transport déi regulär Aarbechtszäit net respektéiere kann, dës zousätzlech Zäit, déi duerch den Transport verluer gaangen ass, als Schaffzäit ugerechent gëtt. Dat selwecht gëllt fir Persounen, déi wärend der Aarbechtszäit un therapeuteschen oder soziopädagogeschen Aktivitéiten deelhuelen ; och hei huet dës Zäit keen Afloss op déi üblech Aarbechtsdauer.
Ad. 3
E Salarié handicapé verdéngt am Atelier protégé de soziale Mindestloun, dee säit der leschter Indextranche (944,43), den 1. September 2023 bei 2.570,93 € läit. Falls eng Persoun mat Handicap, déi am Atelier protégé schafft, eng Qualifikatioun oder eng Experienz an deem spezifesche Beruff vun iwwer 10 Joer noweise kann, dierf eng Demande beim Aarbechtsministere gemaach ginn fir de qualifizéierte Mindestloun ausbezuelt kënnen ze kréien. De qualifizéierte Mindestloun läit säit dem 1. September 2023 bei 3.085,11 €.
Ad. 4
Persoune mam Statut vum Salarié handicapé, déi an engem Atelier protégé ënner Kontrakt sinn, bezéien de gesetzleche Mindestloun respektiv de qualifizéierte Mindestloun. Et ass engem Atelier protégé, genau
wei all anere Patron, fräigestallt fir e méi héiche Salaire wéi de gesetzleche Mindestloun auszebezuelen.
Dëst ass och am Code du Travail festgehaalen:

Art. L. 563-5.
(2) L’atelier protégé peut payer au salarié handicapé une prime ou un autre avantage en espèces,
en dehors du salaire qui est dû au salarié en application du livre II, titre Il, chapitre II. La prime ou
l’avantage en espèces est à financer par l’atelier protégé.

Fir Salariés handicapés, déi um Marché ordinaire schaffen, gëllt, wéi och fir all anere Salarié, d’Égalité de
traitement, wou de Patron un d’Gesetzgebung oder bestoend Konventioune gebonnen ass.

 

Deel dëse Post: