Et schéngt, wéi wann d’Gewalt am Prisong ëmmer méi zouhëlt. An deem Kontext wëll de Süd-Deputéierten Dan Hardy konkret Fakten an Zuele gewuer ginn.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.
Déi lescht Wochen ass d’Personal aus de verschiddenen “Centres pénitentiaires” à rude épreuve gesat ginn, dëst duerch kierperlech Ugrëff/Aggressioune vun den Insassen.
De 16. Abrëll 2018 hat déi honorabel Deputéiert Octavie Modert Froe gestallt betreffend verschidden Tëschefäll, déi zu Giwenech virgefall waren an déi vum Här Minister Braz beäntwert goufen, ënnert anerem, datt verschidde Moossname geholl wieren duerch de Projet de loi n°7041 iwwert d’Reform vun der Administration pénitentiaire.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Wéi huet sech d’Situatioun säitdeem entwéckelt? Wéi vill Virfäll gouf et tëschent 2018 an 2024?
- Ass déi aktuell Formatioun, déi dem Personal zur Verfügung steet, ausräichend, fir sech kënnen an esou Situatiounen ze wieren? Entsprécht d’Formatioun deene reelle Bedierfnesser um Terrain? Wann net, wier et net de Moment, fir déi Formatioun ze iwwerschaffen? Wat sinn déi Haaptelementer, déi dobäi méi berécksiichtegt misste ginn?
- Wéi gëtt d’Gewaltbereetschaft vun den Insassen ageschat? Si verschidde Gruppen, respektiv Nationalitéite méi tendenziéis gewaltbereet? Wier et méiglech, weider preventiv Moossnamen ze huelen?
- Wat sinn déi direkt Konsequenze fir d’Insassen, déi gewalttäteg ginn?
Mat déiwem Respekt,
Dan Hardy, Deputéierten