Froen iwwer eng (Vir)Veruerteelung?

Bei engem Virfall zu Salisbury a Groussbritannien sinn zwou Persounen a Liewensgefor geroden. D’Fangere weisen op Russland. Den Europäesche Rot vum 22. Mäerz huet sech mam Vereenegte Kinnekräich solidaresch erkläert an d’Russesch Federatioun als “héchstwahrscheinleche Schëllegen” ausgemaach. De Fernand Kartheiser wëll awer Kloerheet a freet an enger dréngender parlamentarescher Fro no Beweiser fir esou Behaaptungen. Den ADR-Deputéierten hannerfreet domat eng europäesch Diplomatie, déi d’Russesch Federatioun (vir)veruerteelt op Basis vu Wahrscheinlechkeeten a vu Plausibilitéit.

Deel dëse Post: