Froen iwwer d’Euthanasie

No dem Publikatioun vum Rapport 2015-2016 vun der nationaler Kommissioun, déi d’Gesetz vum 16. Mäerz 2009 iwwer d’Euthanasie an d’Bäihëllef zum Selbstmord kontrolléiere soll, stellt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser dem zoustännege Minister e puer Froen iwwer d’Praxis hei am Land. Et geet dobäi och em den Thema, ob et hei am Land nieft deklaréierte Fäll nach aner Euthanasie-Fäll gëtt. Eng Statistik vun der Kontrollkommissioun, déi sech spezifesch op “deklaréiert Fäll” bezitt an doduerch ëmmerhin d’Méiglechkeet vun aner Fäll net ausschléisst, hat déi Fro ausgeléist. Mee d’Madame Gesondheetsminister kann an hirer Äntwert Entwarnung ginn.

Deel dëse Post: