Fridhaff: Aktivitéitszon op verbuedenem Terrain

Bei Dikkrech soll eng wirtschaftlech Aktivitéitszone um Fridhaff ageriicht ginn. Allerdéngs war et do viru Joeren, a Noperschaft vun der Sidec-Deponie, zu onerklärte Mëssbildungen bei Véih komm. Weder sinn d’Autopsiesresultater vun de Kéih public gemaach ginn, nach gouf et befridegend Äntwert op zwou parlamentaresch Froen vun 2002 an 2008. Ir elo vill Leit op de Site schaffe ginn, huet de Gast Gibéryen nach eemol nogefrot.

Deel dëse Post: