Fréipensioun: kritesch Punkte gi geännert

Scho laang gëtt iwwert d’Regimme vun der Fréipensioun diskutéiert. Den neie Gesetzesprojet, deen e Mëttwoch, de 14. November, an der Chamber gestëmmt gouf, schaaft net just d’solidaresch Fréipensioun of, mee ännert och deen een oder aner Kritikpunkt. Opgrond vun der demografescher Evolutioun huet dëse Projet d’Zil, d’Leit méi laang an der Aarbecht ze halen an och deenen Leit am Alter hir Plaz um Aarbechtsmaart ze sécheren. Nieft dem Ofschafe vun der solidarescher Fréipensioun ginn et Adaptatioune vun der Preretraite-Ajustement, der Fréipensioun vun de Schicht- an Nuetsaarbechter an der progressiver Fréipensioun. D’ADR huet hiren Accord zu dësem Projet ginn an de Gast Gibéryen huet erkläert, firwat mir dëse Gesetzesprojet mat droen.

Deel dëse Post: