Franséischsproochege Radiosender: A wou bleift de Meenungspluralismus?

D’ADR bedauert, datt duerch d‘Ausstrale vum neie franséischsproochege Radiosender der Lëtzebuerger Sprooch eng weider Plattform verluer geet. Et muss nieft enger Rei Reformen, déi d’Pressefräiheet géife stäerken, och endlech fir méi Meenungspluralismus gesuergt ginn. Et kann net sinn, datt an engem demokratesche Staat ee Medienhaus de Monopol huet am audiovisuelle Beräich.

D’ADR huet zur Kenntnis geholl, datt zwee grouss Medienhaiser wëllen zesummeschaffen, fir e lëtzebuergeschsproochege Radiosender duerch e franséischsproochegen ze ersetzen. Ouni d’Pressefräiheet an iergendenger Hisiicht a Fro ze stellen, mécht d’ADR op eng Rei méi kriddeleg Aspekter vun deem Projet opmierksam, déi onbedéngt musse mat berücksichtegt ginn.

Obwuel en neit Presseorgan ëmmer eng Beräicherung duerstellt, ass et inakzeptabel, datt an dësem Fall d’Lëtzebuerger Sprooch de grousse Verléierer ass! Fir eis Nationalsprooch, déi souwisou net an deem Mooss gefërdert gëtt, wéi et d’ADR fir néideg hält, wäert et duerch e reng franséischsproochege Radiosender eng Plattform manner ginn. Dëst gëllt wahrscheinlech och fir d’Lëtzebuerger Kënschtler an hir Musek. D’ADR verlaangt jiddefalls, datt déi zoustänneg Instanze genee iwwerpréiwen, ob de Cahier des charges vum concernéierte Radiosender et iwwerhaapt erlaabt, datt op deene Frequenzen nëmme Franséisch geschwat gëtt.

D’ADR kann och nëmme bedaueren, datt de Projet vun engem franséischsproochege Radiosender, esou wéi e virgesinn ass, wuel kaum de Meenungspluralismus an d’Onofhängegkeet vun de Medie stäerkt. D’Medielandschaft ass, wat de Radio an d’Tëlee ugeet, ganz kloer vun engem eenzege Grupp dominéiert, an dës onzoutmuttbar Situatioun gëtt lo nach méi verschäerft.

Zënter Jore plädéiert d’ADR fir méi Pressefräiheet: Reform vum Presserot; Reform vun der Pressehëllef; Vertrieder vun alle Parteien, déi an der Chamber sinn, am Verwaltungsrot vun de Medien, déi en ëffentlech-rechtleche Charakter hunn oder ähnlech Aufgaben iwwerhuelen, asw. Et muss och endlech fir méi Transparenz a Saache Konzessiounsvertrag tëscht Regierung, RTL Group, CLT-UFA a Bertelsmann AG gesuergt ginn.

D’ADR fuerdert déi nei Regierung op, net nëmmen dës konkret Virschléi esou séier wéi méiglech ëmzesetzen, mä och duerch déi beschtméiglech Rahmebedingunge de Meenungspluralismus ze garantéieren a promovéieren.

Datt e Medienhaus am audiovisuelle Beräich de Monopol huet, an datt näischt dogéint ënnerholl gëtt, gehéiert definitiv net zu den Eegeschafte vun engem demokratesche Staat!

Deel dëse Post: