Fraktiounsiesse mat der Press (VIDEO)

D’ADR hat 2013 als éischt Fraktioun d’Press op dat traditionellt Iessen zum den Schluss vun der Chambersessioun agelueden. „Et gouf eng Zäit virum Juncker, et gëtt eng Zäit nom Juncker“, huet dobäi de Fraktiounschef Gast Gibéryen betount. D’ADR ass opgestallt fir virgezunne Walen, a gesäit hir Roll als Alternativ fir Lëtzebuerg.

Alles deit hinn dat Neiwalen virun den Dier stinn! Dëst huet dem Deputéierte Gast Gibéryen d’Geleeënheet gitt, net nëmmen op dat vergaangent Joer vun der Chamberaarbecht anzegoen, mee doriwwer eraus de Bilan vun der Äre Juncker ze zéien. Et geet och ouni de Jean-Claude Juncker!

De Bilan vum Jean-Claude Juncker, deen am Januar 1995 Chef vun der Regierung ginn ass, ass zumindest um nationalem Plang net esou glänzend wéi d’CSV dëst gären duerstellt!

Wéi de Jean-Claude Juncker Premier gouf, sinn zu Lëtzebuerg 4 899 Chômeure gezielt ginn. Am Mee 2013 hält d’Statistik 21 120 Leit ouni Aarbecht fest! Wéi de Jean-Claude Juncker Premier ginn ass, hat Lëtzebuerg eng Staatsschold déi 2,96% vu sengem PIB duergestallt huet. Am Mee 2013, no engem leschten Emprunt vun 2 Milliarden €, bedreit des Schold 29,8% vum PIB, also 10 Mol esou vill! Trotz ville Joere mat enger ganz gudder Konjunktur a Plus-valuen a Milliarden héicht sinn d’Reserven eidel. „De Jean-Claude Juncker huet ëmmer op déi nächst Wale geziilt, elo hannerléisst en eng Schold déi ons Kanner an déi nächst Genaratiounen mussen zréck bezuelen“, huet de Gast Gibéryen betount. Dëst Joer stellen déi nei Emprunte ronn 1/3 vun de Staatsrecetten duer, dat leescht sech kee Land, och net déi wou déif an der Kris stinn!

D’ADR hat schonns virun de leschte Walen d’Wourecht iwwert Staatsfinanzen op den Dësch geluet, an eng ganz Rei konstruktiv Virschléi gemeet wou de Staat ka spueren. Och a villen anere Punkten, wéi z.B. am Enseignement an an der Europapolitik, kënnt d’ADR mat konstruktive Virschléi déi eng alternativ zu allen anere Parteien ënnerscheeden.
Am Kontext vun de villen Dysfunktionnementer am Staat, vu Bommeleeër bis SREL, gesäit den ADR-Deputéierten och positiv Punkten: de gutt Aarbecht vun der Press, der Justiz an der Chamber, déi des Skandaler opgedeckt hunn a kritesch hannerfrot hunn.

De Gast Gibéryen, deen sech mat enger ganzer Equipe virun der Presse virgestallt huet, ass domatter zouversiichtlech fir déi nächst Walen: d’ADR huet eng wichteg Roll an der Lëtzebuerger Politik ze spillen, als alternativ fir Lëtzebuerg.

Deel dëse Post: