Fonds de Logement: Onrou a Mauscheleien

De Fonds de Logement ass eng Institutioun, déi un engem vun den Haaptproblemer vum Land schafft: der Wunnengsnout an dem Logement zu bezuelbare Präisser. Allerdéngs ass ënner Gambia wéineg Zäit fir sech em esou grave Problemer ze këmmeren. Vill méi wichteg schéingt ze sinn, wien do op den décke Poste sëtzt. De laangjähregen Direkter Daniel Miltgen ass duerch d’Tania Fernandes ersat ginn, d’Madame demissionéiert awer elo ënner onkloeren Ëmstänn. An engem Artikel vum “Paperjam” vum 21. Juni iwwer déi Faiten geet riets vu Partei-Klientelismus a vu Pressiounen säitens dem Ministère, fir Rapporten vu Verwaltungsgremien esou ze änneren, datt d’Affär ënnert dem Teppech bleift. Den ADR-Deputéierte Roy Reding wëllt an enger parlamentarescher Fro wëssen, wat do drun ass.

Deel dëse Post: