Froen zur Flüchtlingskris

D’Flüchtlingskris ass nach ëmmer aktuell, an de Fernand Kartheiser huet an enger parlamentarescher Fro Detailler iwwert déi aktuell Situatioun gefrot. Besonnesch geet et dem ADR-Deputéierten ëm déi unerkannten Demandeuren. Hie freet, ob si hire Loyer bezuelen, wa si nach a Foyere wunnen. De Fernand Kartheiser wëll och gewuer ginn, wéi d’staatlech Hëllef ausgesäit, wa si keng Aarbecht oder keng Wunneng hunn an op der Sich sinn.

Deel dëse Post: