Flüchtlingen: E realistescht Gesetz, keng Fiktioun, w.e.g.!

Wéi wichteg et ass an der Migratiounskris humanitär Hëllef ze leeschten an datt Lëtzebuerg am Spëtzeplotong vun de Länner läit, déi am meeschte Solidaritéit weisen, huet de Fernand Kartheiser den 10. Dezember an der Chamber nach eng Kéier ënnerstrach. Op der Dagesuerdnung stoung d’Ëmsetze vun enger europäescher Direktiv vun 2013 iwwer d’Hëllef fir Flüchtlinger. Den ADR-Deputéierten hat awer keng gutt Wieder fir dat Gesetz. Et wär laang virun der Migratiounskris entstan an d’Situatioun haut wär eng ganz aner. D’Konditiounen fir eng gemeinsam europäesch Flüchtlingspolitik ze maachen, kontrolléiert Baussegrenzen an eng gemeinsam Reglementéierung, wäre vun Däitschland unilateral ausser Kraaft gesat ginn. D’Regierung an de Rapporter vum Gesetz géinge selwer soen, datt den Text depasséiert wär. A vun de gemeinsamen europäesche Mesuren hätt nach keng gegraff: Keng Lagere fir Flüchtlingen, keng Quoteregelung, keng Relocaliséierung. Dat Gesetz géing kenger politescher Realitéit entspriechen mä et wär eng net zäitgeméiss Fiktioun, sou de Fernand Kartheiser.

Lëtzebuerg hätt besser sech em en neien europäesche Konsens ze beméien wéi esou e Gesetz op d’Been ze brengen. D’ADR huet den Text net matgestëmmt: Zwar wären eenzel Verschärfungen a Straffungen an der Prozedur ze begréissen, mä aner Saache wären net akzeptabel: Lëtzebuerg géing Souveränitéitsrechter abéissen, well et net méi selwer kinnt de Noutstand ausruffen mä op Bréissel ugewise wär. Och géing d’Regierung net d’EU-Direktiv 1:1 iwwerhuelen mä deelweis nach méi wäit goe wéi Bréissel.

Flüchtlingsgesetz an der Chamber: de Fernand Kartheiser.

Deel dëse Post: