Flott Diskussioun Kartheiser/Trebesius virun interesséiertem Publikum!

Am Kader vun der Kampagne fir d’Europawalen, huet d’Zäitschrëft „forum“ mat all Partei eng Diskussiounsronn organiséiert. Do schwätzt all Kéier een nationale Politiker an ee Politiker aus dem Europaparlament, deen zur selwechter Parteifamill gehéiert. Bei der Diskussiounsronn mat der ADR am Centre Culturel zu Zéisseng hunn de Mëttwoch, de Fernand Kartheiser an d’Ulrike Trebesius, déi onofhängeg Deputéiert am Europaparlament ass, zesummen diskutéiert.  D’ADR an d’Madame Trebesius sinn allebéid Member vun der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer(ACRE), déi iwregens déi drëttgréisst Fraktioun am Europaparlament duerstellt. Béid Politiker hunn hir Siicht a Visioune vun enger gudder Politik an a fir Europa am Detail duergeluecht a stoungen dem Publikum Ried an Äntwert.

Net nëmmen de Publikum ma och de Radio 100,7 war stark un der Ulrike Trebesius interesséiert an huet ee längeren Interview mat der däitscher Europadeputéiert gemaach.

 

 

Deel dëse Post: