Arbitter-Affär: Chamberpresident erkläert Regierung inkompetent!

Ganz rar erkläert de Chamberpresident eng parlamentaresch Fro irrecevabel. Dat ass dem Fernand Kartheiser an dem Jeff Engelen elo geschitt. Dobäi war d’Fro eigentlech ganz harmlos, an et stoung näischt dran, wat d’Regierung hätt kéinten iwwerfuerderen.

Et goung ëm d’Affär iwwert e private Message un de Bausseminister Jean Asselborn, deen dësen op Facebook ëffentlech gemaach hat. Den Absender, dee Fussballsarbitter ass, wéi de Minister präziséiert huet, gouf doropshinn vun der FLF sanktionéiert. Esou gesinn ass d’Regierung indirekt Schold un der Sanktioun. Trotzdem huet de Chamberpresident säi Veto géint d’Fro ageluecht. Et ass och hien, deen d’Regierung inkompetent erkläert fir op d’Fro ze äntweren.

Well awer d’Meenungsfräiheet wichteg ass, an hei e Privatmann fir seng legitim Meenung gestroft ginn ass, hei hien just engem Minister privat matgedeelt huet an déi net fir d’Ëffentlechkeet bestëmmt war, froen déi zwee ADR-Deputéierte nach eng Kéier no. Fir sécher ze goen, datt keen iwwerfuerdert gëtt, hu si zwee Punkten aus der Fro ewech gelooss.

Deel dëse Post: