Säit 2016 ginn d’Busse schrëttweis mat Zieler ekippéiert, fir d’Zuel vun de Leit prezis ze erfaassen. Dem François Bausch no sollte spéitstens Enn 2023 groussflächeg Erkenntnisser virleien. Wat ass säit deem geschitt? Eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Esou wéi aus den Äntwerten op verschidde parlamentaresch Froen aus der Legislaturperiod 2018 – 2023 ervirgeet, ginn d’RGTRs Busse säit 2016 schrëttweis mat sougenannten Zieler ekipéiert, déi et erlaben, déi reell Passagéierzuel prezis ze erfaassen an deementspriechend ganz detailléiert Erkenntnisser baséierend op der Streck, Auerzäit asw. ze gewannen. Esou wéi aus der Äntwert op meng deemoleg Fro Nummer 5857 ervirgeet, missten allerspéitstens säit Enn 2023 entspriechend Zuelen iwwert d’Zesummespill vun der Offer an der Demande virleien.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Goufen déi genannten Zieler mëttlerweil fir eng national Etude iwwert d’Passagéierzuelen am Busberäich agesat? Falls jo, wéi eng Conclusioune goufen zeréckbehalen? Falls net, firwat net?
- Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, zu wéi engen Upassungen déi bis ewell erfaassten Daten insgesamt gefouert hunn an dobäi preziséieren, wéi wäit et sech ëm d’Upassung vun den ugebuedene Linnen, ëm eng Upassung vun den Horairen a wéit ëm eng Upassung vun der Kapazitéit vun den agesate Gefierer un déi reell Passagéierzuelen handelt?
- Wéi wäit ginn déi erfaassten Date benotzt, fir déi klassesch Bussen a Regioune mat manner Nofro duerch Minibussen, déi och mam Fürerschäin vun der Kategorie B kënne gefuer ginn, ze ersetzen an domat den Drock am Rekrutement ze reduzéieren?