Firwat hëllt MyGuichet kee Boergeld un?

Wien am Büro vu MyGuichet eng Taxe wëll bezuelen, brauch duerfir eng Kreditkaart. Dacks muss een awer Dokumenter asetzen, well de Portmonni mat sämtleche wichteg Piècen, inclus de Bankkaarte geklaut gouf. Wéi betraffe Leit erzielen, bäisst sech d’Kaz dobäi selwer an de Schwanz an et geet ee vun der Administratioun am Reen stoe gelooss. Kann d’Regierung déi Virgäng bestätegen a gesäit se vir, esou séier wéi méiglech anzegräifen?

Deel dëse Post: