Firwat gouf d’Haus an der Sauergaass zu Iechternach ofgerappt?

Alt erëm gouf hei am Land e baugeschichtlech wäertvollt Gebai ofgerappt, dës Kéier an der Sauergaass zu Iechternach. De Fred Keup an d’Alexandra Schoos hunn dozou e puer Froen un de Kulturminister.

Fro:

Trotz massive Protester vu Säite vun Iechternacher Bierger a vun Denkmalschutz-Organisatioune gouf dat historescht Sandsteenhaus an der Sauergaass zu Iechternach den 13.5.2024 ofgerappt. De Kulturministère hat seng Intentioun, dëst Haus ze klasséieren, uganks 2024 zréckgezunn. Als Grond, sou konnt een an engem LW-Artikel vum 15.5.2024 (“Erhaltenswertes Kulturgut in Echternach abgerissen”) noliesen, hat de Ministère déi “vill Schied” um an am Haus genannt, dofir hätt de Ministère der Stad Iechternach quasi fräi Hand gelooss, fir dat Haus ofzerappen.

An deem Kontext hu mir follgend Froen un d’Regierung:

  • Kann den Här Minister am Detail erklären, firwat den urspréngleche Plang vun der Regierung, dëst Haus ënner Denkmalschutz ze stellen, fale gelooss gouf? Hätt een net op d’mannst déi viischt Fassad kënne retten an d’Haus bannen ëmänneren?
  • Wéi bewäert den Här Minister d’Analys vun enger Lëtzebuerger Denkmalschutz-Organisatioun, et géif zurzäit “ein Chaos, was das Zusammenspiel zwischen dem kommunalen und dem nationalen Denkmalschutz angeht” herrschen? (zitéiert aus dem mentionéierten LW-Artikel)
  • Fir vill Bierger, och am Fall vum ofgerappten Iechternacher Haus, ass et oft net novollzéibar, datt déi eng Gebaier op d’Patrimoine-Lëscht kommen, wärend anerer, déi historesch an architektonesch grad sou wäertvoll sinn, ofgerappt ginn. Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung vu ville Leit, datt et trotz deem neien Denkmalschutzgesetz keng objektiv an novollzéierbar Krittäre gëtt, wat d’Ënnerschutzstellung vun historesche Gebaier hei am Land gëtt?
  • D’Stad Iechternach hat d’Haus virun e puer Joer aus der Lëscht vun de kommunal geschützte Gebaier erausgeholl a sech 2023 géint de Klasséierungswonsch vun der Regierung ausgeschwat. Wéi steet den Här Minister zur Ausso vun enger Denkmalschutz-Organisatioun, déi bedauert, datt sech de Ministère net scho vill éischter fir dëst Haus, dat bei Experte fir seng besonnesch baugeschichtlech Bedeitung bekannt war, agesat huet?
  • D‘Erhale vun existéierender Bausubstanz spillt eng wichteg Roll am Kontext vum Denkmalschutz wéi och um Wunnengsmaart an am Interessi vun enger nohalteger Entwécklung vun eisem Land. Wier et aus dësem Grond net wichteg, wann d’Regierung statistesch Donnéeë géif erhiewen iwwert d’Unzuel vun den ofgerappte Gebaier pro Joer a pro Gemeng, an dës statistesch Donnéeë reegelméisseg géif verëffentlechen?

Äntwert:

Ad.1
De 26. Januar 2024 konnt ech mir, zesumme mat de Vertrieder vum Institut national pour le patrimoine architectural – INPA a mat de Proprietäre vum Gebai op 19, rue de la Sûre zu Iechternach, e Bild vum Zoustand an dem Denkmalwäert vum Gebai maachen. Dës war zu dësem Zäitpunkt déi éischt Visite iwwerhaapt, déi bannen am Gebai konnt stattfanne well den Experte vum INPA bis dohinner den Accès vun de Proprietaire refuséiert gi war.
Bei dëser Visite am Haus huet missen de Constat gemaach ginn, datt d’Gebai schonn extrem duerch d’Ofrappaarbechte beschiedegt ginn ass, besonnesch bannen, wou d’Strukture komplett demoléiert gi sinn. Dëst huet den Denkmalwäert vum Gebai staark beanträchtegt. Aus dësem Grond waren d’Krittären (notamment den Haaptkrittär vun der Authentizitéit), déi e Klassement als nationaalt Denkmal erméiglechen, bei dësem Gebai net méi erfëllt.
Op Grond vun dësen neien Elementer, déi – wéi gesot – duerch déi éischt Visitt bannent dem Haus eréischt zum Virschäi koumen, gouf déi ministeriell Entscheedung geholl fir d’Klassementsprozedur vum Gebai anzestellen.

Ad.2
D’Kompetenze fir Gebaier ënner Denkmalschutz ze stellen si gesetzlech verankert. Esou ass et un de Gemengen, op Basis vum Gemengegesetz, all déi Haiser iwwert hir PAGen ze schützen, déi geméiss de Krittären op kommunalen Niveau, en Denkmalwäert hunn. Den INPA (virdru Service des sites et monuments nationaux) huet an de leschte 15 Joer alle Gemenge gehollef dës Haiser z’identifizéieren. Op haut si ronn 20.400 vun deene bal 28.400 Haiser, déi reperéiert goufen, vu Gemenge geschützt ginn. D’Krittäre fir ee Gebai ënnert nationale Schutz ze stellen, sinn am Patrimoinesgesetz vum 25.Februar 2022 definéiert.
Fir d’Kohärenz tëschent dem nationalen an dem kommunalen Denkmalschutz ze stäerken, a fir zäitgläich eng gréisser Rechtssécherheet fir déi concernéiert Acteuren ze schafen, ass den INPA am gaangen -op Basis vum Artikel 23 (2) vum Patrimoinesgesetz vun 2022- progressiv an all de Gemenge vum Land Inventairen opzestellen, op deenen déi schützenswäert Gebaier identifizéiert ginn. Op Basis vun dësen Inventairë gi fir déi verschidde Gemengen national Klassementsprozeduren an d’Weeër geleet, mat deenen all d’Gebaier déi inventariséiert goufe geschützt ginn, dëst nodeems eng ëffentlech Enquête realiséiert ginn ass.
D’Regierung an den INPA wäerte weider op d’Sensibiliséierung fir Denkmalfleeg setzen an d’Gemengen a Proprietäre bei den entspriechende Prozedure begleeden.

Ad.3
Objektiv, wëssenschaftlech an novollzéibar Krittäre goufe scho virum Akraafttriede vum Patrimoinesgesetz vum 25.Februar 2022 ugewannt, a si mam neie Gesetz souguer gesetzlech verankert (Art. 23). Scho virum Akraafttriede vum Patrimoinesgesetz an nach méi intensiv duerno inventariséiert den INPA, Gemeng fir Gemeng, Gebaier déi en nationale Schutz verdéngen. An de leschte Jore gouf d‘Zuel vun deenen Haiser, déi esou e Schutz hunn, verduebelt. Stand haut stinn 2.430 Gebaier ënner
nationalem Schutz.

Ad.4
D’Gebai stoung laut dem PAG an den Informatiounen, déi de staatlechen Autoritéite virlouchen, ënner kommunalem Schutz. De Kulturministère war dowéinst zu deem Zäitpunkt net vun enger direkter Gefor fir d’Gebai ausgaangen. Esoubal de Ministère iwwert d’Ofrappaarbechten um Haus an der Sauergaass informéiert gi war, gouf eng “Intention de Classement” ënnerschriwwen an e Baustopp verhaangen.

Ad.5
Dem Kulturministère leien aktuell keng statistesch Donnéeën iwwert d’Unzuel vun ofgerappte Gebaier pro Gemeng vir. D’Erfaasse vun esou nationale Statistiken iwwerschreit de Kompetenzberäich vum Kulturministère.

Deel dëse Post: