Firwat ginn eis Hecken net besser geschützt?

D’Hecken stellen e wichtege Biotop duer! An de Gréngzonen ass et vu Mäerz bis September komplett verbueden fir Hecken ze schneiden, déi bekanntlech e wichtegen Habitat fir eng ganz Rei vun Aarten am oppenen Terrain, notamment fir vill Vullenaarte sinn. Iwwert de Summer sinn trotzdeem, haaptsächlech vun eiser Stroossebauverwaltung, Hecke geschnidde ginn, also an der Verbuetsperiod déi am Naturschutzgesetz virgesinn ass. Dëst Verhalen ass ouni Zweiwel en Agrëff an d’Liewensraim vu ville Vullenzorten! Ass dat dem Ëmweltministère egal?

Dann ass et och nach zousätzlech d’Fro wéi mam Heckeschnëtt respektiv Gréngschnëtt verfuer gëtt. Normalerweis dierf an enger Gréngzoon keen Heckeschnëtt verbrannt ginn, an awer hätt den zoustännege Ministère dat reegelméisseg erlaabt!

 

 

     

  

 

Deel dëse Post: