Firwat ginn eis Autobunnen net méi beliicht?

D’Regierung huet sech, änlech wéi scho Gambia virdrun, angeeblech d’Sécherheet am Stroosseverkéier op de Fändel geschriwwen. U sech jo och e luewenswäert Zil, mee firwat ginn eis Autobunnen a Landstroossen dann ëmmer manner beliicht? Ass et just eng Entschëllegung, fir de Leit duerch ëmmer méi sënnlos Radaren an d’Täsch ze gräifen, wärend déi eigentlech Léisungsméiglechkeeten ignoréiert ginn? De Jeff Engelen leet de Fanger an d’Wonn:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Säit 2013 gouf d’Beliichtung vun eisen Autobunnen ëmmer méi staark zeréckgebaut. Laang Zäit stoungen d’Péil vun där fréierer Infrastruktur op ongeféiert engem Meter Héicht aus dem Buedem laanscht déi betraffe Stroossen. Iwwert d’Jore goufen och dës no an zeréckgebaut. Esou wéi et mir zougedroe gouf, sinn se op eenzele Plazen awer weiderhi virhanden. Allgemeng ass et natierlech och sou, datt eng gutt Beliichtung zu enger Erhéijung vun der Sécherheet am Verkéier bäidréit.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, op wéi enge Verkéiersachsen (souwuel Autobunnen, wéi och Landstroossen) d’Beliichtung säit 2013 ofgebaut gouf a preziséieren, wéini déi jeeweileg Pottoen zeréckgebaut goufen?
  • Kann d’Madamm Minister begrënnen, wéi d’Decisioun vun där deemoleger Regierung motivéiert war, d’Beliichtung am Stroosseverkéier sou massiv zeréckzebauen? Deelt d’Madamm Minister déi Begrënnung? Falls jo, ass se hirer Meenung no nach aktuell?
  • Kann d’Madamm Minister begrënnen, wéi d’Decisioun vun där deemoleger Regierung motivéiert war, beim Réckbau vun der Beliichtung d’Pottoen iwwer Jore stoen ze loossen? Deelt d’Madamm Minister déi Begrënnung? Falls jo, ass se hirer Meenung no nach aktuell?
  • Gesäit d’Madamm Minister vir, eis Autobunnen a Landstroossen am Kader vun hirer “vision zéro” nees méi staark ze beliichten? Falls net, firwat net?

 

Deel dëse Post: