An de Rapporten iwwer d’COVID-Debatte geet RTL reegelméisseg op d’Positioune vu sämtleche Parteien an, mat enger klorer Ausnam: Der ADR! Huet d’Finanzéierung duerch de Staat wouméiglech zu engem “vorauseilende Gehorsam” vis-à-vis vun der Regierung gefouert? Froen, mat deenen déi Verantwortlech sech méiglechst séier a méiglechst selbstkritesch sollten auserneesetzen. Den ADR-Parteipresident Jean Schoos an de Fraktiounspresident Fernand Kartheiser riichten an deem Sënn e kloren Appell un den Informatiounsdirekter Guy Weber.
Hannergrond: Iwwerbléck iwwert déi wichtegst Positioune vun der ADR an der COVID-Debatt
D’ADR ass fir:
- d’Fräiwëllegkeet vun den Impfungen an eng Kultur vum géigesäitege Respekt
- en efficace Schutz vu vulnerabele Persounen an engen rechtlech gutt ofgesëcherte Kader
- eng Reform vum Spidoolsgesetz an eng Verbesserung vum Gesondheetswiesen
- eng fair an éierlech Approche zu de Virdeeler an de Risiken vun der Impfung ouni Scholdzouweisungen an Ausgrenzungen
- de Respekt vun eise Grondrechter grad an enger Krisesituatioun
- engagéiert Fuerschung fir COVID-Medikamenter
- eng systematesch Verbesserung vun der Widderstandsfäegkeet vun eisem Land a Krisesituatiounen
D’ADR ass géint:
- all direkt an indirekt Form vun Impfzwang
- eng Spaltung vun der Gesellschaft
- d’Gesondheetskontroll vu private Leit duerch aner privat Leit
- politesche Long-COVID an dem Sënn, datt eis Grondrechter mussen nees direkt an integral hiergestallt ginn