Firwat gi sou vill “Substitutiounsstrofen” net ofgeleescht?

Am Joer 2020 goufen 68 vun 148 TIG-Strofen (“Travaux d’intérêt général”) net oder net ganz executéiert. 80 verurteelt Persoune sinn dat Joer also net nëmmen enger Prisongsstrof entkomm, déi hätt kënne géint si ausgesprach ginn, mee och enger “Substitutiounsstrof” a Form vu Sozialaarbecht, déi relativ heefeg zu Lëtzebuerg ausgesprach gëtt, fir déi souwisou iwwerlaaschte Prisongen net weider ze belaaschten. Wéi vill TIG-Strofe goufen 2021 ausgeschwat? Wéi vill vun dëse Strofe goufe bis elo net executéiert? A firwat?

Deel dëse Post: