Firwat d’Krisenzell elo schonn opléisen?

An enger dréngender parlamentarescher Fro wëll de Fernand Kartheiser gewuer ginn, firwat d’Regierung d’Krisenzell am Kader vun der COVID-19-Pandemie elo opléise wëll. Et kéint een nämlech der Krisenzell weider Kompetenzen ginn, ewéi z.B. d’Versuergung vum Land mat wichtege Medikamenter sécherzestellen. D’Regierung hat selwer zouginn, datt et wärend der Corona-Kris hei zu Enkpäss kéint kommen.

Deel dëse Post: