Fir Solidaritéit an eng verantwortungsvoll Entwécklungshëllef

print

Keen ass géint Entwécklungshëllef, scho guer net d’ADR, déi fir Solidaritéit an en humanitäre Geescht antrëtt. Mä d’Aart a Weis, wéi Lëtzebuerg Entwécklungshëllef bedreift, léisst vill Spillraum fir Kritik. Bei der Debatt iwwer d’Entwécklungshëllef, den 23. November an der Chamber, huet de Fernand Kartheiser dee Spillraum genotzt.

Lëtzebuerg bezilt zevill

Seng éischt Feststellung ass rechneresch: Wann all Ausgaben dem Entwécklungshëllefsbudget géingen ugerechent ginn, kéim Lëtzebuerg op 1,4 % vu sengem Bruttosozialprodukt: dat duebelt un Hëllef, zu deem d’Land sech verflicht huet. Lëtzebuerg ass zugläich ee vun deene wéinege “räiche” Staaten , déi d’0,7-Prozent-Zil iwwerhaapt eescht huelen. Däitschland a Frankräich si wäit ewech, d’Hallschent vum Lëtzebuerger Taux ze erreechen, Finanziell geet et eis mam Defizit am zentrale Staatsbudget awer guer net esou gutt.

Lëtzebuerg ass oniwwerluecht mëtschgieweg

Net all baussepolitesch Ausgaben kommen aus deem nämmlechten Dëppen: D’Flüchtlingshëllef, humanitär Hëllef an d’Verdeedegungsausgaben schloen och an d’Keess. Mat eppes Iwwerleeung wären awer d’Ausgaben ze koordinéieren. Et feelt e kohärente Gesamtusatz. Esou kéint eng militäresch Ausgab fir e Feldspidol och bei humanitärer Hëllef agesat ginn. U Koordinatioun feelt et och tëscht Staat a Gemengen, déi eng eegen Entwécklungspolitik bedreiwen.

Falsch Usätz

Eng ganz Rëtsch falsch Usäz huet de Fernand Kartheiser festgestallt: D’Problemer vum afrikanesche Kontinent wäre net mat der aktueller Migratiounspolitik ze léisen. E falsche Wee wär och, afrikanesch Studenten direkt nom Studium hei zu Lëtzebuerg eng Openthalts- an Aarbechtsgenehmegung ze ginn. Grad si kéinten hire Länner doheem am beschten hëllefen, wann hei net de “Brain Drain” organiséiert géing ginn. Iwwerhaapt wär et eng besser Hëllef, möi Handel mat Afrika ze dreiwen, amplaz just Hëllefsprojeten ze organiséieren. Wéi kann eng ONG, déi antisemitesch Propaganda mécht, mat Lëtzebuerger Staatssuen ënnerstëtzt ginn? Amplaz Schoulkanner d’Chance ze ginn, sech selwer eng Meenung iwwer d’Qualitéit vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef ze maachen, gi si mat Staatssuen indoktrinéiert fir de lénkspolitesche Credo vu Migratioun an Entwécklungshëllef ze verënnerlechen. Falsch Usätz gesäit de Fernand Kartheiser och bei de Partnerlänner. De Senegal mat sengem immense Buedeschätz kritt intensiv gehollef. Hëllef aus dem klenge Lëtzebuerg kritt och dat grousst Indien, ëmmerhin déi siiwwent Wirtschaftsmuecht vun der Welt. A vill Verträg an der Entwécklungshëllef ginn einfach laanscht d’Parlament gemaach, obwuel si politesch sensibel sinn … och eng Praxis, déi vum Fernand Kartheiser net gutt gehale gëtt.