Fir oder géint eng “Ethik des Ignorierens”?

Um Site vum radio 100,7 war den 31. Januar 2021 en Artikel ze liesen, dee fir eng “Ethik des Ignorierens” antrëtt. De Verfaasser, Presentateur um 100 Komma 7, bezitt sech dobäi awer net just op d’Privatliewen, mee och op déi medial Berichterstattung. Sou leet hien de Medien notamment un d’Häerz, an Zukunft “sogenannte Querdenker”, awer och “rechte Populisten, selbsternannte Patrioten” einfach ze ignoréieren. De Fernand Kartheiser mécht sech an enger parlamentarescher Fro Gedanken iwwer eng “Cancel Culture”, déi ëmmer méi ëm sech gräift.  Ënner “Cancel Culture” versteet een eng Tendenz (besonnesch an de soziale Medien), gewëss Persounen, Firmen oder Gruppen ze boykottéieren, déi duerch ee Verhalen oder Aussoen opgefall sinn, déi net politesch korrekt sinn. 

Deel dëse Post: