Fir méi direkt Demokratie

print

Ausgerechent e puer Deeg nodeems bekannt gouf, datt et zu Lëtzebuerg eréischt 2016 (an net, wéi eigentlech virgesinn, schonns d’nächst Joer) soll zum Referendum iwwert déi nei Verfassung kommen, sinn d’Schwäizer ebe grad am Kader vun enger Volleksofstëmmung ëm hir Meenung gefrot ginn, an zwar zur Massenawanderung. Wat huet déi rezent Decisioun vun den „Eidgenossen” mat der geplangtener Ofstëmmung hei am Land ze dinn? Eigentlech net vill, ausser natierlech datt déi eng genee dat virliewen, wouvunner déi aner anscheinend just dreeme kënnen: eng lieweg Demokratie.

Iwwert de Fong – eng knapp Majoritéit huet sech fir eng Limitatioun vun der Immigratioun ausgeschwat – léisst sech selbstverständlech diskutéieren, souwuel am Bezuch op d’EU wéi och op Lëtzebuerg. Wat fir eng Awanderungspolitik brauche mir? Ënnert wat fir enge Conditioune soll all Memberstaat kënne méi staark iwwert d’Duerchlässegkeet vu senge Grenzen decidéieren? Et misst erlaabt sinn, eng sachlech Diskussioun iwwer dës Froen ze féieren – grad esou wéi et och erlaabt ass, d’Usiicht ze vertrieden, datt eng Majoritéit vun de Schwäizer net esou ofgestëmmt huet wéi ee selwer, als Lëtzebuerger, bei engem vergläichbare Referendum gestëmmt hätt.

Eng Rei politesch Acteure sinn däitlech méi wäit gaangen am Ausdrock vun hirer Onzefriddenheet iwwert d’Resultat vum Schwäizer Referendum, an hunn dobäi nees kloer gewisen, datt se net vill vum Wielerwëllen halen. Wann e Lëtzebuerger Ausseminister Spréch wéi “Ziehen Sie einen Zaun um die Schweiz” vu sech gëtt, dann ass dat net nëmmen en Zeeche vu Populismus, mä och vu Respektlosegkeet. Datselwecht gëllt fir d’Europadeputéierten aus de Reie vun der CSV, déi an engem Interview carrément gemengt huet: “C’est à désespérer du droit de vote, si des citoyens sont aussi bêtes”. Domm ass d’Resultat vun engem Referendum, bei deem all rechtsstaatlech Prinzipie respektéiert goufen, sécherlech net; dofir ass awer d’Attitude vun deenen, déi vum Vollek gewielt gi sinn an et awer net fäerdegbréngen d’Vollek eescht ze huelen, “à désespérer”, well se zu enger ëmmer méi grousser Politikerverdrossenheet féiert.

Datt sech Mandatairë vun enger méi grousser Partei besonnesch kritesch vis-à-vis vun der direkter Demokratie äusseren, dat ass net d’Ausnam, mä éischter d’Regel. Et gëtt nëmmen dann e Referendum organiséiert, wann et absolut noutwenneg ass, wéi dat zum Beispill bei der Verfassungsreform de Fall ass. D’Fro, déi sech stellt, ass: Wat fäerten d’Regierungsparteien? D’Regierung géif Courage weisen, wann se dem Wieler d’Méiglechkeet géif ginn, fir sech zum Tram oder zum Homo-Bestietnis ze äusseren. D’Regierung géif Respekt weisen, wann se dem Choix vum Wieler géif Rechnung droen – och dann, wann dee Choix der Dräiercoalitioun net géif gefalen.

D’Schwäiz ass a villen Hisiichten, a ganz onofhängeg vun der leschter Volleksofstëmmung, e Modell fir Lëtzebuerg, wat d’Ëmsetze vun der direkter Demokratie ugeet. Méi Demokratie setzt d’Auslännerwalrecht net viraus (dat et zënter der Aféierung vun der duebler Nationalitéit souwisou scho gëtt), mä ënnert anerem méi Referendumen. An dozou gehéiert och, datt d’Wieler net op iergendeng Majoritéit an der Chamber ugewise sinn, fir datt hir Meenung iwwerhaapt gefrot gëtt. Si mussen endlech d’Recht kréien, selwer d’Initiativ z’ergräifen, an dat net nëmme bei enger Verfassungsännerung, mä bei all relevant Fro, wou den Interessi vun de Bierger grouss genuch ass. Och um Niveau vun der EU mussen d’Instrumenter, déi scho bestinn, wéi zum Beispill d’Europäesch Biergerinitiativ, nogebessert ginn.

D’Aufgab vun engem Volleksvertrieder besteet net doranner de Wieler fir domm ze verkafen, mä hie bei wichtegen Decisiounen ëm seng Meenung ze froen an déi och ze respektéieren.

Jean Schoos, ADR-Nationalpresident

Dësen Artikel ass den 21. Februar 2014 an der Rubrik “Zu Gast” vum Lëtzebuerger Land publizéiert ginn.