Fir méi direkt Demokratie op Gemengeniveau!

A senger Interventioun vum 12. Mee betount de Roy Reding, datt de Staat sech just ëm déi Aufgabe këmmere soll, déi net scho souwisou vun de Gemenge kann iwwerholl. Den ADR-Zentrumsdeputéierten, dee selwer Gemengeconseillier an der Stad Lëtzebuerg ass, plädéiert deemno fir eng staark Gemengenautonomie. Méi direkt Demokratie an de Gemengen ass dann och e weidert Uleies vum Roy Reding. An deem Sënn soll de Referendum op kommunalem Niveau net just consultativ sinn, mee decisiv! D’ADR stéiert sech dann och drun, datt eng Gemeng ab 3000 Awunner direkt nom Proporz-System wiele muss. Vill Gemengen, déi bis dato ganz gutt mam Majorett-System gefuer sinn, hunn domat Schwieregkeeten an et wär an deem Sënn gutt, déi Zuel emol substantiell eropzesetzen.

Deel dëse Post: