Fir eng fair Behandlung vun de liberalen Infirmieren!

Mat der Reform vun der Fleegeversécherung lafen déi liberal Infirmiere Gefor, an de Vergiess ze geroden. Patienten, déi scho jorelaang vun enger gudder a kompetenter Zesummenaarbecht mat liberalen Infirmiere profitéieren, kréien dacks de Choix geholl a mussen op ee vun de groussen Hëllefsréseauen zréckgräifen. Soumat geet eng gesond Konkurrenz verluer an d’Patiente verléieren dacks déi Persoun, zu där si iwwert Joren eng vertraulech Bezéiung opgebaut hunn. D’Vertrieder vun der ALIL (Association luxembourgeoise des Infimiers libéraux), d’Madamm an den Här van Wissen, hunn bei hirer Entrevue mat der ADR vum 10. Abrëll desweideren op déi deloyal Konkurrenz duerch déi grouss Reseauen higewisen, déi z.B. an de Klinicke Reklamm fir sech däerfe maachen, wärenddeem dëst fir déi liberal Infirmiere verbueden ass. D’ADR, vertrueden duerch d’Süd-Deputéierte Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser, hunn der ALIL hir Ënnerstëtzung zougeséchert.

Deel dëse Post: