Wéi vill Geld geet wierklech an d’Entwécklungshëllef?

Den 18. November huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro vum Entwécklungsminister a vum Finanzminister verlaangt, de globale Chiffer vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef ze nennen … no den international unerkannte Berechnungskritären. D’Äntwert aus dem Ministär an och dem Finanzministär, ëmmerhi pünktlech no genee engem Mount, wäicht de Froen aus. Et wäre politesch Grënn, déi géinge motivéieren, datt net alles ënner Entwécklungshëllef ugerechent gëtt, wat no den internationale Regele kinnt ugerechent ginn. Duerch esou Budgetstricker ass natiirlech en internationale Verglach schwéier. Et gesäit ee net richteg an, firwat d’Regierung da net einfach p o l i t e s c h decidéiert, méi en héige Prozentsaz vum Bruttoinlandprodukt an d’Entwécklung ze stiechen, amplaz déi Suen an aner Budgetskapitelen ze verstoppen. Eng Standardäntwert gëtt och ëmmer méi, eenzel Froe wären ze schwéier ze berechnen. Stellt Iech fir, Der hutt de Miwwelwon virun der Dir, an d’Leit soen Iech, de Canapé géing am Camion bleiwen, et wär ze schwéier, en op den drëtte Stack ze droen …

All dat ännert näischt drun, datt d’ADR net d’accord ass mat deem immens héigen Undeel vun der Entwécklungshëllef am Lëtzebuerger Budget. Lëtzebuerg läit wäit iwwer deene 0,7 Prozent vum Bruttoinlandprodukt zu deem sech d’Industrienatiounen verflicht hunn.

D’Entwécklungshëllef am Parlament

De 17. November war d’Entwécklungspolitik an d’humanitär Hëllef op der Dagesuerdnung vun der Chamber. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet dem zoustännege Minister Romain Schneider do scho geäntwert an dobäi ënnerstrach, datt humanitär Hëllef bei Krich a Katastrophen selbstverständlech ass an datt dofir all Zommen, déi gebraucht ginn, solle bezuelt ginn. De Fernand Kartheiser huet awer viru laangfristegen Zieler gewarnt an enger Welt, déi sech séier verännert. Hien huet och gewarnt derfir, un engem Bild vun Afrika festzehalen, wat esou net méi stëmmt. De Kontinent géing wuel nach Hëllef brauchen, mä virun allem och Hëllef bei den Infrastrukture fir seng eegen Economie ze erschléissen. De pragmatesche Wee vu Wirtschaftsinvestitioune géinge China, Indien a Brasilien goen, während Europa nach ëmmer hei eng Schoul an hei e Pëtz géing bauen. Dat bei engem Kontinent, den a noer Zukunft 2,4 Milliarde Mënsche géing zielen, wann Europa nach ëmmer bei 500 Millioune géing stoen. Europa misst ufänken Investitiounen wirtschaftlech ze iwwerleeën an hëlllefen, d’afrikanesch Mäert6 ze erschléissen.

Wichteg war dem Fernand Kartheiser och, d’Zomm vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef a Fro ze stellen. 342 Milliounen Euro d’Joer wäre vill Sue fir e Land, wat selwer géing all Joer nei Schold maachen. A Lëtzebuerg géing emol net all Suen, déi Entwécklungshëllef wären, an dem Budget ziele mä anerwäerts verrechnen. D’Fro géing sech stellen, op eng Atommuecht wéi Indien Lëtzebuerger Entwécklungshëllef géing brauchen. D’Fro géing sech och stellen, op Länner wéi de Senegal, déi sech dergéint géinge wieren, hir illegal Migranten nees heemzehuelen, weider dierften finanziell gehollef kréien.

Schliisslech huet hie sech mat der Hëllef fir Palästina kritesch ausernanergesat a virun der rassistescher Attitude géint Israel vun eise Kooperatiounspartner do gewarnt.

 

Deel dëse Post: