Fir e wierdegen Ëmgang mam Prisonéier!

Engem Mënsch d’Fräiheet ewech huelen duerch de Prisong ass Strof genuch. Et däerf net sinn, datt den Openthalt am Prisong als solches duerch Schikanéieren a Psychoterror zur Strof gëtt. Genee dat ass awer déi traureg Realitéit an eisem Land, esou de Roy Reding a senger Interventioun vum 4. Juli. Och bei der Proportionalitéit vun de Strofe gëtt et nach vill Verbesserungspotential: Wéi kann et sinn, datt en Drogendealer sech mat enger Foussfessel relativ fräi beweege kann, wärend eng Persoun, déi wéinst engem Meenungsdelikt veruerteelt gouf, 15 Méint feste Prisong kritt? Den ADR-Deputéierte mécht sech zanter laangem staark fir e wierdegen a vernënftege Strofvollzuch. 

Deel dëse Post: