Fir d’Famill, datt Lëtzebuerg eng Zukunft huet !

D’ADR ass schockéiert iwwert d’Noriicht, datt d’Gambia-Regierung eng nei Attack géint d’Famillje géif plangen. Sollten d’Nouvelle sech bestätegen, datt d’Erzéihungsgeld an d’Allocatioun fir d’Mamme solle gestrach ginn, wär dëst e weidere Beweis, datt de Premier Xavier Bettel a seng Equipe d’Zukunft vu Lëtzebuerg a Fro stellt. D’ADR gëtt doranner bestätegt, datt d’DP, d’LSAP an déi Gréng eenzeg an alleng dorobber aus sinn, an enger Regierungsperiod hir Ideologien duerchzesetzen, och mat der Konsequenz den Zesummenhalt, d’demografesch Struktur an d’Identitéit vu Lëtzebuerg auszehielegen.

D’ADR fuerdert zanter méi wéi 10 Joer d’Zesummeleeë vun de verschiddenen Hëllefe fir d’Familljen, esou datt dës de fräie Choix hunn, hir Kanner betreien ze loossen oder sëlwer doheem grouss ze zillen. Esou laang wéi net eng kohärent Politik presentéiert gëtt, déi d’Zukunft an de fräie Choix fir Famillje garantéiert, fuerdert d’ADR e Moratoire op alle Moossnamen an dësem Beräich. Et däerf net um Bockel vun de Famillje gespuert ginn!

D’ADR hat schonns am Januar vun dësem Joer op enger Pressekonferenz d’Fro gestallt :ass d’Madame Corinne Cahen Minister fir d’Famill… oder Anti-Familljeministesch? D’ADR erënnert un hire Walprogramm: „d’Famill ass d’ Kärzell vun der Gesellschaft, et geet ëm d’Wuel vun de Kanner an d’Famill sëlwer muss de Choix hunn, wou a wéi se hir Kanner betreit“. Den Androck, datt d’Gambia-Regierung Politik géint d’Famill a géint den „intérêt supérieur“ vum Kand mecht gëtt leider bestätegt.

D’ADR setzt sech a fir e Land mat enger gesonder demographescher Struktur a stellt sech decidéiert géint d’Aussoe vun der Anti-Familljeministesch Corinne Cahen an enger Chamberskommissioun, „si wéilt keng natalistesch Politik, et wiere schonns genuch Kanner op der Welt“.

D’ADR verflicht sech, alles ze maachen fir eng Politik am Interessi vun de Kanner an de Familljen ze ënnerstëtzen, an esou d’Zukunft vum Land ofzesécheren.

Pressematdeelung vum 10. Oktober 2014

Deel dëse Post: