Fir datt d’Press hir Aarbecht ka maachen!

An der Weilerbaach sinn zwou Hellegestatue gekäppt ginn. Wéi RTL do wollt filmen, huet d’Kamerasekipp anscheinend den Zougang zum Centre Héliar, dee vum OLAI geréiert gëtt, verbuede kritt. Den OLAI këmmert sech hei am Land ëm d’Migranten. Esou war an den Owesnoriichte vun RTL ze héieren. De Fernand Kartheiser geet där Saach op d’Spur, well hie mengt, d’Press misst hei am Land ongehënnert kënnen hir Aarbecht maachen. Hie freet also den Här Minister fir Kommunikatioun, den Här  Bausseminister an d’Madame Minister fir Integratioun, wat et domat op sech huet. D’Regierung widdersprëcht den RTL-Journalisten a mengt, den Zougang zu de Statuen op engem ëffentleche Wee wär fräi gewiecht an d’Press hätt kéinnten dohinner goen.

Deel dëse Post: