Finanzplaz: D’kuerz Weeër musse bleiwen

Op eng Interpellatioun vum Deputéierte Laurent Mosar huet den 2. Dezember an der Chamber de Roy Reding positiv geäntwert … mat eegene Virschléi. Fir d’Bewäertung Triple A ze hale misst een och Schräck ënnerhuelen fir méi qualifizéiert Personal unzezéien. Wichteg wär et virun allem d’Délaien, d’iwwerdriwwe Bürokratie an d’Regelemntéierungskäschten am Grëff ze behalen. A wuel sollt eng Finanzplatz irréprochabel sinn, se dierft awer net iwwer d’Ziel erausschéissen. Zu Fintech a virtuelle Währungen huet de Roy Reding gemengt, Lëtzebuerg wier an deem Zukunftssecteur ganz gutt opgestallt. Um Bols vun der Zäit bleiwen, d’Bürokratie iwwerwaachen an d’Weeër hei am Land kuerz halen ware seng Fuerderungen, fir d’Finanzplatz an Zukunft oofzesécheren.

Deel dëse Post: