Finanziell Probleemer am Fleegesecteur

Eisen honorabelen Deputéierte läit et um Häerz, datt de Fleegesecteur erhale bleift, dofir setzen si sech an, andeems si d’Problematik ervirhiewen, déi se hautzudaags begéinen.

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Familljeminister weiderzeleeden.

Et ass eis matgedeelt ginn, datt et zu dësem Zäitpunkt bei op d‘mannst dräi Betriber, respektiv Associatiounen à but non lucratif, déi am Fleegesecteur täteg sinn, eeschthaft finanziell Problemer ginn, déi hir Zukunft a Gefor bréngen, bzw. zu potentiellen Entloossunge scho féieren oder féiere kéinten. Dozou kënnt nach, dass d’Patienten net méi entspriechend versuergt kéinte ginn.

Ee vun dëse Betriber ass „ALIVE PLUS asbl“. Den 20. Dezember 2024 huet schonn e Facebook-Post vun „OGBL Santé, Services sociaux et éducatifs“ drop opmierksam gemaach, datt et bei „ALIVE PLUS asbl“ zu Massenentloossunge kéint kommen.

An deem Kontext wéilte mir der Madamm Gesondheetsminister an dem Här Familljeminister follgend Froe stellen:

  • Sinn déi verschidde Betriber aus dem Fleegesecteur mat gréissere finanzielle Problemer der Regierung bekannt? Wa jo, vu wéi ville Betriber ass gewosst, datt si gréisser finanziell Problemer hunn?
  • Sinn Entrevuë virgesi mat de Responsabele vun deene betraffene Betriber, respektiv Associatiounen?
  • Si scho Léisungen duerchdiskutéiert ginn, a wa jo, wat wieren déi?
  • Falls eng Faillite inevitabel ass, wéi eng Léisungen si fir d‘Patiente virgesinn? Wéi eng Léisungen si fir d’Mataarbechter virgesinn? Ass d’Iwwerhuele vu Mataarbechter vun anere Betriber am deem Secteur méiglech? Wa jo, wéi eng Prozedur ass do virgesinn a wat sinn d’Konditiounen?
  • Am uewe genannte Post gëtt vun „Mismanagement“ geschwat. Wéi gëtt „Mismanagement“ definéiert an deene Fäll a wien definéiert dat? Huet de Ministère Moyene fir eng Analys vu Betriber aus dësem Secteur an deene besote Fäll ze maachen? Wa jo, wéi ginn déi gemaach a wéi ass de Follow-up? Handelt et sech ëm betribsspezifesch Managementproblemer oder ëm e strukturelle Problem am ganze Secteur?
  • Doduerch, dass et eng Penurie am Secteur gëtt, si vill Betriber drop ugewisen, iwwerqualifizéiert Personal anzestellen, wat de Betrib dann och deementspriechend vill méi kascht. D’Assurance dépendance, d’CNS an de Staat iwwerhuelen e klengen Undeel un de Käschten, fir deem entgéintzewierken, et geet awer bei Wäitem net duer, bedéngt duerch d’Festleeë vun der Valeur monétaire. Wat ass d’Regierung gewëllt ze ënnerhuelen, fir dass et net zu finanzielle Problemer kënnt an deene Betriber am Fleegesecteur a fir dass weiderhin d’Fleeg vun de Patiente garantéiert ka ginn?

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

Dan Hardy                                                                                                                                      Alexandra Schoos

Deputéierten                                                                                                                                  Deputéiert

 

 

 

 

Deel dëse Post: