[BEÄNTWERT] Finances communales

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.

Am Kader vun der aktueller Diskussioun iwwert d’Reform vun de Gemengefinanze schéngt et mir wichteg ze sinn, fir dës Diskussioun kënnen objektiv ze féieren, datt een dofir eng Rei vun zousätzlechen Informatioune brauch. Fir d’Finanzsituatioun vun enger Gemeng am beschte kënnen z’analyséieren, brauch ee Chiffere vum ordinäre Budget.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Minister dës Fro stellen:

Kéint den Här Minister en Tableau opstellen, op deem fir all eenzel  Gemeng a fir d’Joer 2011 d’Recettes ordinaires, d’Dépenses ordinaires an den Iwwerschoss erëmzefanne sinn?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Jean-Marie Halsdorf, Ministre de l’Intérieur et à la Grande Région

Deel dëse Post: