Fernand Kartheiser verlaangt méi Sécherheet am Lift [Video]

E Mëttwoch, den 11. Mee, waren an der Chamber eng ganz Rëtsch gesetzlech Sécherheetsmoossnamen um Programm, déi d’ADR och matgestëmmt huet. De Fernand Kartheiser huet nach eemol drun erënnert, datt an de Lifter vum Land nach laang net all Sécherheetsgarantie gi sinn. Hie kritiséiert, wéi schonn an der Vergaangenheet, datt net iwwerall Blanneschrëft ze fannen ass. Och den Noutfalltelefon hätt hien am léiwsten ersat duerch e Noutfallknäppchen, deen een och aus engem Rollstull missen erreeche kënnen.  Een Thema hat de Fernand Kartheiser och schonn an enger parlamentarescher Fro behandelt: Et ka net sinn, dann ee bei engem Noutfall un eng auslännesch Telefonszentral (Call Center) verbonne gëtt, wou weder Lëtzebuergesch nach eng vun eisen zwou Amtssprooche geschwat gëtt.

Deel dëse Post: