Fernand Kartheiser: Aarmt Griicheland, schwaacht Europa!

De 14. Juli huet de Premier Xavier Bettel an der Chamber Rapport gemaach iwwer d’Solutioun, déi fir Griicheland fonnt ginn ass. De Fernand Kartheiser huet dem Premier energesch Widderried ginn: De Grexit wär nëmme provisoresch vum Dësch … bis zur nächster Kris. Well Griicheland hätt kaum d’Moyene fir dat ze leeschten, wat elo vun em géing verlaangt ginn. D’ADR wëllt e stabilt Griicheland. Déi beschte Léisung dofir ass en temporäre Grexit, bis d’Land sech erëm erkrabbelt huet.

Europa wär esou schwaach wéi nach ni: Euro an der Kris, Institutiounen an der Kris (méiglechen Austrëtt vu Groussbritannien), fräi Zirkulatioun vun de Mënschen an der Kris (Schengen duerch Migratioun ënner Drock), europäesch Baussepolitik am Mëttelmier an am Noen Osten e rengen Echec … De Fernand Kartheiser schwätzt Kloertext iwwer Europa.

Am schlëmmste fënnt de Fernand Kartheiser, datt de Xavier Bettel esouguer d’Virherrschaft vun Däitschland a Frankräich, déi sech eleng beroden, ouni déi aner Länner ze froen, och nach gutt fënnt. Hien, als President vum Conseil, misst zu Bréissel antichambréieren an e géing sech dat gefale loossen an esouguer verdeedegen. Wieder, déi de Xavier Bettel sech muss hannert d’Ouere schreiwen.

Dat huet de Fernand Kartheiser an e bësse méi enger hektescher Atmosphär nach eng Kéier kloer gemaach.

Mä de Premier huet jo Problemer fir esou Feinheeten ze verstoen.

Deel dëse Post: