Fernand Kartheiser: Respekt fir eng eegestänneg Police! [Video]

Respekt fir d’Police an hir Aarbecht, Opstockung vun hire Mëttelen a vun hirem Personal, méi Onofhännegkeet, Ofsëcherung an Handlungsspillraum fir de Polizist, dat sinn e puer vun den Themen, déi de Fernand Kartheiser an der Debatt iwwer d’Police, an der Chamber den 28. Juni 2016 behandelt huet.

Dobäi huet hien dat grousst Onsëcherheetsgefill bei de Leit festgestallt, besonnesch op gewësse Plazen wéi zu Esch, zu Ettelbréck an zu Lëtzebuerg an och un d’grenziwwerschreidend Kriminalitéit erënnert. Den ADR-Deputéierte huet gewarnt, datt zu Lëtzebuerg keng rechtsfräi Zonen dierften entstoen oder toleréiert ginn. An hien huet ënnerstrach, datt d’oppe Grenze fir éierlech Leit solle gëllen, datt awer grenziwwerschreidend Kriminalitéit a Mendicitéit musse kontrolléiert ginn. De Schëllegen däerf och net mat der Police nees d’Geriicht fräi verloossen, wann ee keng Demotivéierung vun de Beamte wëllt riskéieren.

Därer schwiereger Situatioun géintiwwer sti reieweis Moossnamen zum Nodeel vun der Police: Ofschaffe vun materiellen Avantagen, keng oder wéineg Respekt- a Vertrauensbeweiser och vun der Regierung, wéineg Opwäertung vun der Karriär a vum Policedéngscht allgemeng. Konsequent huet de Fernand Kartheiser sech géint eng zweet Police (Agents municipaux) ausgeschwat, dofir méi Kompetenzen fir d’Police verlaangt.

Ee grousse Problem gesäit den Deputéierten dodrann, datt d’Magistratur, d’Justizgewalt also, ëmmer méi Afloss a Kontroll kritt bei der Police, déi awer en Deel vun der Exekutivgewalt ass. Dat wier keng kloer Trennung vun de Gewalte méi.

Deel dëse Post: