Fernand Kartheiser mécht e spannende Krimi aus engem Police-Gesetz

Technesch, juristesch huet e Gesetz ausgesinn, géint dat d’ADR de 14. Juli an der Chamber gestëmmt huet. Well et huet nëmmen esou ausgesin. Et ass gaang em d’Besetzung vum Chefposte vun der “Inspection générale de la Police” an drëm, datt e Magistrat déi Plaz soll kréien. Wéi de Fernand Kartheiser fäerdeg war, hate mer e klenge Krimi an der Chamber mat dem Bommeleeër (ëmmer nees dee Gesell) am Hannergrond. Wichteg virop: Dat Gesetz ass ondemokratesch, well et d’Gewaltentrennung – dee grousse Grondprinzip an all demokratesche Staat – net respektéiert.

An d’LSAP stoung alt erëm eng Kéier do als déi Partei, déi sech vun de Gréngen an der Koalitioun fir domm verkafe léisst. Mä domat ass si jo net eleng, dat kann d’DP och.

Deel dëse Post: