Fernand Kartheiser: Lëtzebuergesch schreiwe   kann net strofbar sinn

D’ADR huet géint e Gesetz gestëmmt, dat de 15. Juli an der Chamber, war. Et goung em Biociden (also Planzeschutzmëttelen). De Fernand Kartheiser huet d’Gesetz zwar begréisst, och wann hien eenzel Kritikpunkten hat. De Grond firwat d’ADR awer géint dat Gesetz gestëmmt huet, war en aner. Als europäescht Reglement huet et och de Sproochgebrauch bei der Zouloossung vun esou Mëttele geregelt. An do stoung, dat dofir nëmme Franséisch, Däitsch an eventuell Englesch a Fro kommen, de Gebrauch vun aner Sprooche wär net erlaabt a strofbar. Mat esou eppes kann d’ADR net d’accord sinn, well et heescht, datt de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen an dësem Kontext kinnt strofbar sinn.

Deel dëse Post: