Fernand Kartheiser: Lëtzebuergesch gehéiert an d’Verfassung!

Am Ufank vun der neier Chamber-Sessioun huet de Fernand Kartheiser e Gesetzvirschlag an der Chamber hannerluecht. Hie wëll eng punktuell Verfassungsrevisioun mam Saz “La langue du Luxembourg est le luxembourgeois” . Dat ass Wuert fir Wuert den Text, deen och an der Verfassungsreform steet, déi kaum nach Chancen huet fir virun de nächste Chamberwalen 2018 ugeholl ze goen.
De Fernand Kartheiser huet och un eng aner Propositioun vum ADR-Deputéierte Roy Reding erënnert, deen d’Wierd vum Déier an der Constitutioun verankert wollt hunn.

Deel dëse Post: