Fernand Kartheiser: Blabla iwwer Erziehung amplaz kloer Regelen

E kriddelege Sujet war d’läscht Debatt virun der Summervakanz de 15. Juli. Den IFEN (Institut de formation de l’éducation nationale) stoung um Programm. Deen Institut soll op Walfer kommen, do wou d’Uni war, a sech em de Stage vun de Schoulmeeschter a Proffe këmmeren. Mär si fir eng gutt Ausbildung vu Schoulmeeschter a Proffen, sot den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. Eis Partei huet awer géint dat Gesetz gestëmmt. De Fernand Kartheiser huet virun allem de Jargon kritiséiert, an deem d’Gesetz geschriwwen ass. Vill Blabla, mä keng kloer Regelen, keng Festleeung, wie fir wat zoustänneg ass a wie wat muss léieren oder wëssen. Et wär e Gesetz, wat näischt mat der Realitéit ze dinn hätt a wat kaum den Unterrecht géing verbesseren. Am Ministär géing de Waasserkapp u Leit weider wuessen, iwwerdeems de Minister géing probéieren um Bockel vun de Proffen a Schoulmeeschter Suen ze spueren.

Deel dëse Post: