Fënnef Froen, fënnef glaskloer Äntwerten …

…. an de Wuesstem ass ëmmer de Schëllegen. De Gast Gibéryen war agelueden vun der RTL-Redaktioun fir nom Journal op hir fënnef Froen ze äntweren. D’ADR huet de Wuesstem thematiséiert an als wichtegsten Thema am Walkampf gesat: “Mir mussen eis eens ginn, datt mir net méi kënnen esou wuessen.” Weider Themen waren d’Lëtzebuerger Sprooch an déi vill Parteien, déi sech duerfir asetzen. Hei de Message vum Gast Gibéryen, datt den Original ëmmer besser ass wéi d’Kopie …. an den Original ass d’ADR. Weider nach den Appell vum Gast Gibéryen, de Wielerwëllen no de Walen ze respektéieren, dat un d’Adress vun der CSV, déi ouni kloer Ausso an d’Wale geet, awer wuel éischter mat enger Gambia-Partei d’Politik vun d3e leschte Joere wëll weiderféieren.

Deel dëse Post: