Feelt et u Räismëllech fir Puppelcher?

Verschidde Puppelcher hunn eng Intoleranz op Laktos. Och Reaktiounen op PLV (Protéine de lait de vache) kënne fir kleng Kanner schlëmm Folgen hunn, wéi leider den Doud vun engem Bouf vu 6 Joer et nach viru Kuerzem gewisen huet.

Et gëtt awer anscheinend am Abléck eng Penurie vu Produkter, wéi z.B. Räismëllech, déi als Substitutioun zur klassescher Mëllech missten ugewannt ginn.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser werft dëse Sujet an enger parlamentarescher Fro op a geet ënner anerem op d’Méiglechkeet an vun der Regierung fir d’Elteren ze informéieren a fir fir Alternativen ze suergen.

Deel dëse Post: