De Beruffsverband ALBAD, deem Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten ugehéieren, beschwéiert sech säit Joren iwwer ee Manktem u qualifizéierten Archivisten. Studenten, déi am Ausland wëlle studéieren, fir kënnen hei am Land Archivist ze ginn, kréie vum CEDIES (Centre de Documentation & Info sur l’Enseignement supérieur) gesot, si sollten eppes aneschtes studéieren, well Archiviste géifen net zu Lëtzebuerg gebraucht ginn. Steet d’Regierung zu dëser Meenung?