Familljepolitik : fir e reelle Choix

Dësen Artikel ass an der LW-Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

D’Aféierung vun de Chèques-service gehéiert zu de Walcadeauen, déi d’CSV-LSAP-Regierung kuerz virun de Chamberwalen 2009 nach séier ausgedeelt huet. D’Resultat ass : mëttler-weil hunn d’Famillje verstanen, datt se hannergaange goufen.

D’Elteren, déi op d’Chèques-service zréckgegraff hunn, goufen an deene leschte Méint net manner wéi zwee Mol mat enger Erhéijung vun hirer Participatioun konfrontéiert. Si mussen also ëmmer méi déif an d’Täsch gräifen!

D’Familljen, an deenen een Elterendeel doheem bleift fir sech ëm d’Kanner ze këmmeren, stinn nach ëmmer mat eidelen Hänn do!

Aus deem Grond plädéiert d’ADR zënter Jore fir d’Aféiere vun engem Betreiungsgeld: déi ënnerschiddlech Familljenzoulagen (Kannergeld, Er-zéihungsgeld, Chèques-service, Kanner-bonus, asw) ginn zesummegeféiert. Dëst Betreiungsgeld gëtt un déi ënneschiddlech Situatiounen (Zuel vun de Kanner am Stod, Alter vun derKanner…) ugepasst.

Dat Betreiungsgeld géif esou berechent ginn, datt domadder déi finanziell Bedeelegung vun den Elteren an enger Betreiungsstruktur (Maison relais, Crèche, mä och Dagesmamm, asw.) garantéiert wier. Et kann awer och benotzt ginn, fir et engem Elterendeel z’erlaben sech Vollzäit ëm d’Kanner ze këmmeren, woubäi dësen sech muss obligatoresch an der Pensiounskeess versécheren.

Fir sozial Selektivitéit ze garantéieren, gëtt d‘Betreiungsgeld dann der Steier ënnerworf, woubäi iwwert en Abattement gesuergt gëtt, datt kléng a mëttel Akommes net méi héich bestéiert gi wéi bis elo.

Nëmmen esou kann een eng méi grouss sozial Selektivitéit an der Familljepolitik garantéieren, an den d’Elteren e reelle Choix ubidden!

Deel dëse Post: